jeudi 21 juin 2007

uni.lu

Campus Limpertsberg

Warum Luxemburg?

Wer an der Universität Luxemburg studiert oder forscht, entscheidet sich für eine junge, dynamische Hochschule, an deren Entwicklung sich Studierende, Lehrende und Forscher aktiv beteiligen können. Das Großherzogtum Luxemburg liefert dazu einen außergewöhnlichen Rahmen. Denn der kleine Staat im Herzen Europas ist ein mehrsprachiges Land und ist der Sitz zahlreicher europäischer Institutionen sowie Unternehmen. Darum ist auch die Universität Luxemburg konsequent international, mehrsprachig und errichtet bevorzugte Partnerschaften. Gegründet am 12. August 2003, bietet sie Bachelor- und Masterstudiengänge sowie Doktorate nach dem Bologna-System und andere spezifische Programme an. Die Forschung konzentriert sich auf bestimmte Prioritäten und ist in Einheiten gruppiert.

Fakultäten

An der Universität Luxemburg kommt der Forschung eine tragende Rolle zu: Insbesondere in den Masterstudiengängen und während der Promotion wird solide Forschung, die in den Forschungseinheiten der drei folgenden Fakultäten umgesetzt wird, groß geschrieben:
Fakultät für Naturwissenschaften, Technologie und Kommunikation ;
Fakultät für Rechts-, Wirtschafts- und Finanzwissenschaften ;
Fakultät für Sprachwissenschaften und Literatur, Geisteswissenschaften, Kunst und Erziehungswissenschaften

Studiengänge






Die Bibliothek


Die Bibliothek der Universität Luxemburg unterstützt die Universitätsgemeinschaft mit Dokumenten für Lehre und Forschung, mit mehr als 220000 Büchern und fast 560 Zeitschriften. Die gegenwärtige Sammlung versucht, alle Bereiche der Universität abzudecken. Weiterhin versucht die Bibliothek, auch als Enzyklopedie zu dienen.
Die Universitätsbibliothek besteht aus vier lokalen Bibliotheken, die sich auf den verschiedenen Campusen der Universität befinden.
Die Bibliothek auf dem Campus Kirchberg deckt im Prinzip die Bereiche Informatik, Mechanik, Elektrotechnik und andere Naturwissenschaften ab.
Die Bibliothek auf dem Limpertsberg besitzt eine Kollektion von Dokumenten für die Bereiche Recht, Wirtschaft, Kunst, Geschichte, Geographie, Literatur, Psychologie, Philosophie etc. Gegenwärtig befindet sich hier der grösste Teil der Kollektion (mehr als 150000).
Auf dem Campus Walferdange wird oft das «Centre de Documentation Pédagogique» benutzt, das Dokumente für den Erziehungsbereich besitzt: Grundschul- und Vorschulpädagogik, Schul-Pädagogik etc. Ausserdem steht das «Centre de documentation et service des prêts de l'éveil aux sciences» zur Verfügung.
Die Bibliothek der Universität Luxemburg ist ebenfalls ein Mitglied im luxemburgischen Netzwerk BiBnet.lu . Auf einen grossen Teil der Kollektion kann über ein Netzwerk zugegriffen werden. Die Bibliothek kooperiert eng mit der nationalen Bibliothek.
Quelle: Uni.lu
_______________________________
Interview mat engem Proff vun der Uni Letzebuerg


1. Wei ass d’Motivatioun vun den Schüler ?
Am allgemengen ass d’Motivatioun ganz gutt. Just en klengen Pourcentage vun den Studenten wessen schon vun vier eraus, dass se net weiderkommen an leieren neicht. Sie wellen zum Beispill net schaffen goen.

2. Wei eng Meiglechkeeten hun d’Studenten op der Uni Letzebuerg?
Eng Facultéit fier Sciences, Technologie an Kommunikatioun um Kierchbierg.
Eng aaner fier Droit, Economie an Financen um Lampertsbierg.
An zu Walfer ass dei fier Sproochwessenschaften an Literatur, Geeschteswessenschaften, Konscht an Erzéihungswessenschaften.

3. Letzebuerg ass den Setz vun villen europäeschen Institutiounen. Sin also op der Uni Letzebuerg vill Auslänner angeschriwwen?
Mier hun vill Auslänner aus der Groußregioun an och en puer aus dem Ostblock dei Stipendien hun.

4. Wéi laang get et d’Uni Letzebuerg?
Séit den 60er Jooeren gett et den cours universitaire. D’Uni Letzebuerg allerdings, gett et reicht seit ongefeier 10 Jooer.

5. Weivill Schüler sinn op der Uni ?
Ongefeier 3500.

6. Kéint Dier eis eppes iwwert den Projet vum Site Belval zielen ?
Majo d’Unien sollen op den Site Belval kommen. Et ass allerdings net klooer op déi 3 Unien dohinn sollen kommen. Geschwat gett vun 1 Facultéit, déi vum Droit an der Economie, dei um Lampertsbierg soll bleiwen.

7. Sollen d’Letzebuerger an d’Ausland studéieren goen oder hun se och eng Zukunft wann se hei studéieren?
Letzebuerger sollen opmannst eng Partie vun hieren Studien am Ausland maan.

8. Sidd Dier der Meenung, dass d’Couren all op Englesch sollen sinn?
Nee. Menger Meenung no sollen sollen eng Rei vun den Couren op Englesch sinn, wei zum Beispill deen vun der Economie. D’Sprooch vun der Economie ass am Theoreteschen, wéi an der Praxis Englesch. Den Droit, am Géigendeel, soll op Franséisch sinn, vue que dass d’Gesetzer all op Franséisch geschriwwen sinn. An der Medezin beispillsweis ass et schweier eng klooer Äntwert ze gin.
______________________________
Interview iwwer uni.lu
1)Fierwat hues du dech fier uni.lu entscheed?

Jill H.: Ech war maer nach net secher wat ech studeiren willt, dofir hun ech mech hei op der uni.lu ageschriwen, an dei mecht aus menger Klass sin och dohinner gang. Wollt net direkt an d’Ausland goen.
El P.: Well et praktesch firun der Hausdir ass an eng belleg Alternatif zum Ausland ass. Et muss een hei jo net na eng extra Wunneng sichen.
André M.: Well et no vun doheem ass an ech op 13e gerooden krut fir daat eischt Joer (oder dei 2 eischt Joer) hei am Land ze maachen, well d’Couren qualitatif besser sin doduerch dass d’Klassen mei kleng sin an d’Proffen dann besser op dei eenzel Studenten angoen kennen.
Romy R.: Well ech net onbedengt 5 Joer wollt an d´Ausland goen a well dat hei jo och ganz prakresch as, zumools well ech wees dat ech souwisou dat 3 Joer fort muss.
Sara S.: Ma well ech hei am Land wunnen an daat dann deck praktesch ass, wann ech hei studeiren kann.


2)Weilaang bass du schon do?


Jill H.: 2 Joer
El P.: Sin lo am 2. joer
André M.: Ech sin am 2. Joer.
Romy R.: Ab September 2005
Sara S. : Seit 2 Joer


3)Bass de zefridden ?

Jill H.: Nee, net onbedingt keint besser sin. Dei hun guer keng Organisation hei, decke Chaos
El P.: Naja… et kéint schon besser organiséiert sin. Et huet een heiansdo d’Gefill wéi wann de staat eng kurzschlussreaktion gehaat hät, so nom moto: Mir brauchen och eng Uni. Daat gesäit jo um Papéier flott aus, mais d’Emsetzung ass net wirklech gudd. Zumols wann een bedenkt, dass de Staat nemme nom Prestige eng uni ze hun kuckt, wéi och mol no de richtegen Problemer déi se de Studenten stellen (Transport: et brauch een iwwert eng hallef Stonn fir vun der gare op de Lampertsbierg; Mobilitéit: fir daat Auslandssemester oder joer ze maan, huet een méi Problemer , well uni.lu net mam Ausland ofgestemmt ass (Examenszäit vun uni.lu ass vill méi spéid wéi am Ausland an Problemer mat enger Wunneng huet een och)).
André M.: Jo
Romy R.: D´Organisatioun as zwar net emmer grad dei allerbescht mee am grousse ganzen kann ech mech net bekloen !
Sara S.: Amfong schon mais et gin puer Mängel wei d’ Organisatioun.


4)Hues de ni iwerluet fier an d’ Ausland ze goen ?


Jill H.: Jo mee wollt fir d’eicht maer dat hei am Land ukucken.
El P.: Dach, wou et uni.lu na net gin ass.
André M.: Dach, gin d’nächst Joer an d’Ausland.
Romy R.: Dach, wei schon gesot wosst ech vun fir eran dat ech dat 3 Joer an d´Ausland geing goen.
Sara S. : Usech schon, mais well ech och hei an engem


5)Wat studéiers de ?


Jill H.:Economie
El P.: Sciences économiques
André M.: Economie
Romy R.: Economie
Sara S. : Ech sin um ISERP fier Spillschoulsjoffer


6)Wei oft an der Woch bass du do ?Hues de vill Freizeit?

Jill H.: Vun Meindes bis Freides. Mee d’Couren sin net obligatoresch dat hescht et huet en mega vill Freizeit. (Stonnepläng sin deck schlecht opgebaut.)
El P.: Sin eigentlech all daag do. Freizeit huet een awer trotzdem na genuch
André M.: Sin all Daag do, hun awer net immens vill Couren beieneen, sou dass ech nach zimlech vill Freizäit hun.
Romy R.: All dach an der Woch hu mir Cours!
Wat Fraizait betrefft, bis ob dei Wochen firun an während den Examen, hun ech genuch Fraizait jo
Sara S.:Ech sin sou zimlech all Daach an der Woch do, mee ech hun awer nach genuch Freizeit


7)Sin vill Auslänner do oder as d’Mehrzahl Letzebuerger?

Jill H.: Jo et geet. Mee d’Mehrzahl sin awer Letzebuerger.
El P.: Déi meescht sin Letzebuerger
André M.: Wees net genau. Op Economie ass d’Unzuehl un Auslänner an Letzebuerger ziemlech d’selwecht
Romy R.: As schweier soen, wann ech eis Klass kucken, geing ech mengen as et halschent , halschent!
Sara S.: Dei meescht sin Letzebuerger


8) Wat sin d’Kriterien fier ugeholl ze gin?

Jill H.: Eng 1ière oder eng 13ième technique muss en hun.
El P.: Eng 13e oder 1ere
André M.: Et muss een eng 1re oder eng 13e gepackt hun.
Romy R.: Et muss een een Diplom vum Ofschloss hun, wei ob all Uni, mee weider Kriterien kennen ech sou direkt net. Wat d´Kriterien sin, fir dei Leit dei aus dem Ausland heihin studeiren kommen, do sin ech net au Courant
Sara S.: Suwait ech wees brauch een einfach de Premièresdiplom oder eng 13ième technique


9)Muss een och en Stage am Ausland man?Wa jo, wéilaang?

Jill H.: Dat hängt vun der Section of. Normalerweis muss een 1 Semester am Ausland maan.
El P.: Ass mer net bekannt
André M.: D’Gesetz schreiwt fir dass een innerhalb vun den 3 eischten Joeren mindestens 1 Semester am Ausland op enger Uni maachen muss.
Romy R.: Wat Economie betrefft nee, also objiddefalls net während deenen eischten 2 joer !
Sara S.: Jo fier dat wat ech maan muss een och e Stage am Ausland man, deen dauert 6 Méint, also een Semester.



10)As et déier?

Jill H.: Nee 100 € pro Semester.
El P.: D’Uni usech net, mais wanns du de Parking dobäi rechens gett et schon deier. An och wanns du Zäit rechens déis du duech déi relativ schlecht Transportverbindungen hues dobäirechens…
André M.: Nee, 100 € pro Semester ass net deier.
Romy R.: 100 Euro Aschreiwungskäschten as net deier, wann een mat aaneren Unien verglaicht!
Sara S.: Nee, et as relativ belleg am Verglach zu aaner Unien.


Schlussfolgerung

D’Grënn virwat d’Studenten d’Uni Lëtzebuerg gewielt hun, sin :
niddreg Präiser (Studien op der Uni sinn belleg, muss een sech net extra en neit Appartement kaafen)
kurz Distanzen bis op den Campus
Di Meecht bleiwen och léiwer hei am Land well si dann méi no bei hiiren Familien sin

De Studenten no, huet d’Uni Letzebuerg allerdings och Nodeeler. Sie fannen, dass den Stonnenplang zum Beispill schlecht organiséiert ass. Verschiddener hun och den Androck, dass d’Uni Letzebuerg nemmen dofier do ass, vier sech am Ausland e gudden Numm ze gin. Am groussen Ganzen, sinn d’Studenten allerdings zefridden.

Aucun commentaire: